20.08.2011

Urbex Terres Rouges - Part 2

Wéi maer déi éischten Kéier op dem Terres Rouges Site wuaren stoung un sech schon relatif séier fest
dass maer op jiddefall nach emol géingen dohin goen.
Schon alleng dowéinst well maer bei deem éischten Shooting net alles gesin haaten an ech nach onbedéngt
déi eng oder aaner Plaatz op deem Site wollt entdecken.
Des Kéier wuar nierft dem Jay och den Jerry dobai. 


Nodeems maer zu 3 e bessen iwert den Site gehirscht sin, hun maer dun schlussendlech déi Plaatz fond déi ech gesicht haat an déi ech schon vun aaneren Photoen hier kannt hun.
No gudd 3 Stonnen haaten maer dun alles geknipst waat eis interesséiert huet an ech muss soen deen Site do ass elo définitif ausgelutscht an ech maachen mech elo emol op d'Sich no enger neier Location. ;)


Daat Thema "Urbex" interesséiert mech nach emmer staark an ech sin secher dass demnächst nach weider Biller zu deem Thema hei waerten optauchen.
Hei dann elo d'Biller vun desem Shooting.


Location: Esch/Alzette / Site Industriel des Terres Rouges (15.08.2011)




















Dem Jerry seng Photoen vun desem Shooting fannt daer op sengem Blog.



1 Kommentar:

  1. Gudd Fotoen, di bestemmt vill Leit geifen interesseieren dei do hirt haleft Liewen verbruet hun.

    AntwortenLöschen