26.06.2011

the answer...

Zum Thema Libellen fotograféieren...
Aaner bekannten Siten gin jo regelrecht zou gespamt mat Photoen vun Leit déi soss naischt ze din hun wéi Libellen ze knipsen. ;)
Laaaangweileg. Fänkt esou lues un unstrengend ze gin emmer daat selwecht ze gesin.

Hei ass dann meng äntwert dozou.

Libellenart: Assmaerdachegal
Fanger: Gilles O.

Location: Besch (Germany) (24.06.2011)


16.06.2011

Eine Strasse, viele Bäume...

Hei eng kleng Serie vun Biller wou ech och schon eng Zaitchen am Kapp haat fier ze réaliséieren.
En Allee vun Beem. Ouni eppes ronderem.(Haiser, Auto'en, etc.)
Et ass net evident fier eng Allee hei am Land ze fannen wou op zwou Saiten Beem sin, zimlech laang ass an net zevill Betrieb ass fier dass een och emol eng e bessen aussergewéinlech Perspektive kann knipsen.
Teschent Gosseldange an Mersch haat ech dann esou eng Allee fonnt.


Et sin allen 4 HDR Biller.
All Kéiers am faarwegen an am schwarz/waiss. Ech konnt mech net décidéieren waat besser ass. ;)
Daat zweet Bild ass en HDR aus 5 Biller.
Dest sin och meng éischt HDR-Biller déi ech am s/w probéiert hun.


Location: Gosseldange/Mersch (14.06.2011)



Blankenberge

En klengen spontanen Kuerztrip op Blankenberge mat der Famill.
E bessen entspannen op der Plage, oofschalten vun der Aarbecht an emol aaner Motiver fierun d'Lens kréien wéi hei zu Letzebuerg.


Hei sin dann d'Biller:


Location: Blankenberge (B) (27.05.-29.05.11)












Keep away...

En Stacheldroht ronderem dem Fernsehturm zu Diddeléng.
Ech wollt un sech den Fernsehturm selwer knipsen, waat ech och gemaach haat.
Irgendwéi hun déi Biller mech awer net iwerzeegt. :)

Location: Dudelange (06.05.2011)



Urban Exploration

"Urban Exploration bzw. Stadterkundung ist die private Erforschung von Einrichtungen des städtischen Raums und sogenannter Lost Places. Oftmals handelt es sich dabei um das Erkunden alter Industrieruinen, aber auch KanalisationenKatakombenDächern oder unzugänglicher Räumlichkeiten ungenutzter Einrichtungen." (Quelle: Wikipedia)


"Urban Exploration", och nach "Urbex" genannt ass daat nächst Thema waat ech irgendwou am World Wide Web opgegraff hun an fier daat ech mech direkt interesséiert hun.
Hei sin dann déi éischt Biller vun enger verloossener Haal zu Dudetown.
Deen nächsten Urbex-shooting steet schon um Programm. :)


Location: Dudelange (06.05.2011)







Pimp my... Pampel?

En Besuch zu Grevenmacher am Païperleksgaart.
Main Meedchen huet et do allerdings net esou flott fond an huet sech den A... aus der Box gefaart.
Demno wuaren maer dun nees séier dobaussen.
Vill Photo'en sin et den Metten dann och net gin.


Hei ass dann daat beschten Resultat:


Location: Païperleksgaart Grevenmacher (28.04.2011)


14.06.2011

Mullerthal

Kuerz dono wuar et dun och esou wait.
Den Klassiker schlecht hin, den Schiessentümpel am Mullerthal huet dun och missen drun gleewen.
Hun mech dun mam  Alain op den Wee gemaach. Den Alain mat senger neier Coolpix am Gepäck huet d'Geleegenheet genotzt fier sain neien Apparat kennen ze léieren.
Maer perséinlech ass et drems gaangen fier meng Erfahrungen déi ech bei den Tester déi ech e puer Deeg fierdrun an der Diddelénger Bach gemaach hun elo hei unzewenden.
ND8 drop an lass.


Lues an lues kristalliséiert sech och eraus dass ech en faible fier HDR hun. ;)


Location: Mullerthal (26.04.2011)














Diddelénger Baach

Wann een sech mat deem Thema Photografie beschäftegt gesait een permanent Biller wou een sech seet: "Wéi huet den Photograaf daat gemaach? Esou eppes ähnleches well ech och emol probéieren."
Esou ass et maer dann och gaangen bei deenen klasseschen Waasserfall-Biller.
Do wou d'Waasser esou een flotten "Niwel-effekt" kritt.


Nodeems ech dun mam "Photograf meines Vertrauens" geschwaat hun, soot hien maer dass daat relatif einfach mat engem Grofilter ze réaliséieren ass.
Also, ech ... Buttek ... ND8 kaafen.
An elo? Wou fannen ech dann hei am Land auf die Schnelle en Waasserfall?
Den Ur-Klassiker Mullerthal ass maer dun angefall, mee bon, vue dass daat net graad "la porte à côté" ass fier en Minetter hun ech daat deen Moment emol sin gelooss.
Ech wollt einfach emol testen wéi daat mat deem Grofilter funktionnéiert...also schnell e puer Biller maan.


Nodeems ech an der Nuecht am Bett e bessen gegrübelt hun, ass et maer dun angefall: Diddelénger Bach
Do ass eng Plaatz wou maer als Kanner alt emol gespillt hun, do ass en Mini Waasserfall.
Daat kann een schon net méi Waasserfall nennen, mee egal, et ass maer just em den Effet gaangen. :)
Demno Sondes Moies, op Ouschtersonden, hun ech dun direkt missen dohin fueren.
Ech stoung dun mat den Stiwelen an mam Statif am Waasser an hun meng Test-Biller gemaach.
Well sech awer do nach aaner interessant Motiver ungebueden hun, sin déi direkt mat photograféiert gin.
Hei dann d'Resultater:




Location: Dudelange (24.04.2011)














Betebuerger Parc

En Daag am Betebuerger Parc mat menger Fra, mengem Meedchen an mengem Photoapparat. ;)
Do gin et nierwent den Spillplaatzen fier Kanner och vill kleng Spillplaatzen fier Photografen.
Hei sin 2 Biller vun deem Daag.
Op deenen aaneren Biller vun deem Daag sin haaptsächlech meng Fra an main Kand.
Des Biller weisen ech net op deser Plaatz.
:)


Location: Parc Merveilleux Bettembourg (17.04.2011)






Electric City

En Idee wou ech schon länger haat, wuar e puer Biller vun ze maachen vum Elektricitéitswierk.
Elektresch Leitungen, Poteau'en, Trafo'en etc.
Dest hun ech dann och spontan emol no der Aarbecht gemaach.


Location: Schifflange (08.04.2011)








10.06.2011

Fishing Time

Déi zweet Fesch-Session huet dann och net laang op sech wuarden gelooss.
Unfanks Abrell stoungen maer dann nees an aller Fréih um Wéiher ze zidderen.
Et wuar net graad esou kaal wéi den Mount fierdrun mee trotzdeem nach net fier mam T-Shirt do ze stoen.
Nierwen dem Fescher-equipment loung och d'Photoausrüstung am Auto.


Des Kéier hun dem Gilles seng Karpen-staangen missen drun gleewen an fier meng Photo'en duerhaalen.
Hei dann d'Resultater.
Bei den HDR gett den Halo esou lues manner. Nach présent, mee net méi esou staark wéi am Unfank. ;)


Location:  Weiher zu Besch/Germany (06.04.2011)









White Swan

D'Fescher Saison 2011 huet ungefaangen. Den Gilles an ech konnten et dest Joer kaum erwuarden fier nees déi éischten Kéier beim Wéiher ze stoen.
Am März wuar et dann och esou wait. Gefillten -1000 Graad, angepaack wéi en Michelin's Männchen stoungen maer beim Weiher. 
An selbstverständlech den Photoapparat dobai fier d'Waardezait ze iwerbrécken.


Deen Daag haat en Schwaan soss keng aaner Plaatz op deem riesen Weiher fonnt wéi graad fierun eisen Staangen ronderem ze schwammen.
Aus Fescher-siicht relatif nerveg, aus Photografen-siicht ideal.
Bilanz vum Daag: Naischt gefaangen, mee e puer flott Foto'en gemaach.
Hei dann déi Bescht dovun.


Location: Weiher zu Besch/Germany (09.03.2011)


09.06.2011

Schnéi-Shooting

Waat gett et dann Besseres wéi bei 20 cm Schnéi an bei annoncéierten Schnéi-chaos aus dem Minett erop an d'éisléck ze fueren fier Photo ze maachen?! ;)
Am Dezember kuerz fierun den Feierdeeg haat ech mech mam Jay op den Wee Richtung Norden gemaach.
Ech haat schon eng Zaitchen eng Idee vun der Staumauer zu Esch/Sauer am Kapp déi ech wollt réaliséieren.


Déi éischt drei Biller sin bei der Staumauer an daat Lescht haat ech bei engem Teschenstopp op der Kockelschéier gemaach.
Daat éischt Bild vun der Staumauer ass en HDR. Ech hun den Halo bewosst dran geloos.
Et ass un sech esou verschafft wéi ech et am Dezember gemaach haat an nach net esou vill Ahnung vun HDR haat.
Esou een staarken Halo kennt elo net méi fier. ;)


Location: Esch/Sûre an Kockelscheuer (19.12.2010)












Black Belt

Et huet dann och net laang gedauert bis ech mat mengem éischten Objektif un seng Grenzen komm sin.
Fierun allem wann een well mat Déiften(on-)schärft spillen ass een mat der gréisster Blend vun 3,5 vum Nikkor 18-200 séier un den Limiten. Och ass een mam photograféieren an schlecht beliichten Réimlechkeeten zimlech begrenzt mat desem Objektif wann een net well un den ISO piddelen goen oder mat Bletz schaffen.

Dofier huet dann missen en neit Objektif hier. 
AF-S Nikkor 50mm 1:1,4G

Eng 50 Festbrennwait mat enger gréisster Blend vun 1,4
Wéi ech meng nei Spillsaach dun geliwert kruut, hun ech schnell réaliséiert dass do jo keen Zoom drun ass (logesch bei enger Festbrennwait !)
Also muss de dech fier alles selwer bewegen do wou's de fierdrun konns beim 18-200 gemittlech setzen bleiwen an um Brennwaiten-rank dréinen.
"Du bass dain eegenen Zoom"

Hei dann elo een vun mengen éischten Biller mat der 50er Festbrennwait.
Eng Idee wou ech schon laang haat. Eng Photo vun mengem Kimono mat menger Ceinture.

Location: Dojo Judo et Ju-Jitsu Dudelange (11.10.2010)



06.06.2011

Kockelscheier...

Main éischten Shooting op der Kockelscheier.
Vue dass ech op der Cloche d'Or schaffen, bidd sech d'Kockelscheier mat hieren Séi'en an Bescher zimlech gudd un fier kleng spontan Shooting'en an der Mettesstonn.
Hei dann elo een Bild am HDR.


Do hun ech iwregens och main "Laangzeitprojet"entdeckt. Dozou kommen ech allerdings eréicht an engem separaten Post wann desen dann bis faerdeg ass. 


Location: Kockelscheier Séi (07.09.2010)


HDR - the first one...

Vun do uns wou ech meng D5000 hun, hun ech mech intensiv mam Thema Photografie an Bearbechtung um PC beschäftegt.
Relativ séier sin ech dun op den Goût vun HDR - High Dynamic Range Biller komm.
En Genre wou maer vun Unfank un imens gudd gefall huet...
Hei main éischten HDR vun mengem Auto.


Location ass nees Dudetown - bei der Schmelz. (02.09.2010)


Sonnen-Ennergang als Blog Photo

An eisem Appartement hun maer d'Chance gehaat dass een am Summer konnt imens flott Sonnen-Ennergäng beobachten. Um leschten Stack vum engem Appartementshaus huet een schéin iwert déi aaner Diercher eweg gesin.
Waat bitt sech do Besseres un wéi d'Statif opzestellen, d'DLSR auszepaacken an lass ze leen.
Esou ass och des Photo zustaanen komm.
Ech muss allerdings dozou soen dass déi 5 Villecher graad duerch d'Bild geflattert sin wou ech oofgedréckt hun, wuar éischter Zoufall. ;)


D'Location wuar bei maer um Balkon. (26.07.2010)





Wanna play UNO ?

Ech hun dann och relatif schnell gemierkt dass wann een sech mam Thema Photo well beschäftegen, een sech och muss mam Thema Bearbechtung um Computer beschäftegen.
Photoshop, Gimp, etc. sin dann déi Programmer wou een sech dann och nach muss dran eranschaffen. 
Inspiréiert vum Jerry hun ech dun emol probéiert mat Hellef vun 3 Photoen an e bessen Bearbechtung um PC en Bild ze maachen wou eng Persoun direkt e puer mol vertrueden ass.
D'Restultat gesid daer hei ennendrenner.


Location wuar bei maer doheem. ;) (20.07.2010)




éischten Photoshooting...

3 Deeg no mengen éischten "Automatik-Modus" Versich ass dann och schon deen éischten spontanen Photoshooting komm. 
Den Jay an den Yves, 2 DSLR-Besetzer, Photo-begeeschterter an gudd Kolleegen hun mech matgeholl fier e puer Photoen an d'Natur maachen ze goen.
Ech haat elo net wierklech méi Ahnung vun Photoen maachen an vun mengem Apparat wéi 3 Deeg fierdrun, mee egal, ech sin awer matgaangen. Fierun allem fier ze léieren an fier meng D5000 emol e bessen kennen ze léieren.

Déi éischt minimal Bearbechtungen um Computer hun mat desen Biller och ungefaangen.
(Rumm ronderem d'Bild an Ennerschreft)

Location wuar zu Diddeléng um Rodebierg an op enger Autobunn's bréck net wait eweg vun der franséicher Grenz. (19.07.2010)













Let's get started...

Hei sin dann meng éischt Versich mat menger éischter DSLR.
Nikon D5000 mat engem AF-S DX NIKKOR 18-200 mm 1:3,5-5,6G ED VR Ⅱ Objektif.
Vue dass ech bis elo nach net all ze vill mat Photoen um Hutt haat an och nie Photographie an der Schoul geléiert hun, gesin meng éischt Biller och dementsprechend aus.
Trotzdeem well ech se hei weisen fier dass een e bessen d'évolutioun gesait.
D'Biller sin am Automatik-Modus gemaach gin.
Ech haat den Apparat 2 Deeg an wéi gesoot keen Schimmer vun deenen ganzen Anstellungen.


Zu der Location ass och naischt spezielles ze soen...et ass bei mengen Elteren am Gaart beim Weiher. Do hun dann d'Fräschen, Libellen & Co. missen drun gleewen. (16.07.2010)