15.11.2012

Sssccchhhaampppignon...

D'Zait verflitt einfach ze séier. Ech wollt un sech nach vun deenen flotten Hierschtfaarwen an den Bescher profitéieren, mee sin irgendwéi net mat Zaiten dozou komm.
Wéi ech dann endlech e bessen Sputt fonnt haat fier an den Besch ze goen, wuar schon net méi vill Interessantes ze gesin. D'Blieder leien all um Buedem an d'Beem sin schon praktesch all plakesch.
Dun hun ech den Besch dann eben emol an der Makro-perspektif gekuckt an och do wuar net méi vill ze gesin ausser des Champignon'en...déi dann och hun missen drun gleewen...

Dann heescht et elo wuel wuarden bis den éischten Schnéi kennt.












Location: Kockelscheuer (13.11.2012)

20.09.2012

...en Français s.v.pl. ...

Eng klengen, schnellen  Shooting Owes mam Jay op enger Autobunn's Bréck.
Ech wollt nees en klengen Revival maachen zu mengem éischten Shooting an nees e bessen mat Langzeitbeliichtung op der Autobunn spillen.
Maer sin dun op eng Autobunn's Breck hei fier an Frankreich gefuer an hun do e bessen geknipst.

An deem Land sin se esou guer esou patriotesch dass wann een Owes bei sie Photo'en maachen geet, sech d'Faarwen vun hierem Fändel an den Biller erem spiggelen.
Hei den Beweis:




Location: Zoufftgen (10.09.12)

14.09.2012

Sunset @ Blankenberge

En klengen verlängerten Week-end mat der Famill an Frenn zu Blankenberge.
Maer haaten d'Chance an et wuar super Wierder den ganzen Week-end iwer.
An Owes esou guer ganz flott Sonnenennergäng.
Do hun ech maer et natierlech net huelen gelooss an sin mat mengem Statif an mengem Equipment an Richtung "bescht Plaatz" fierum Sonnenennergang gepilgert an hun do main Lager nierwt all deenen aaneren Hobby-Photografen opgeriicht.
No e bessen wuarden ass et dun och lass gaangen an ech hun e puer flott Faarwen um Himmel ze gesin kritt.
Allerdings wuaren deen Daag och e puer Wolleken do an den "eigentlechen" Sonnenennergang just iwert dem Horizont ass an den Wolleken ennergaang. ;(

Hei dann d'Biller déi deen Owend dobai eraus komm sin:













Location: Blankenberge (07.09. - 09.09.12)



28.08.2012

Papa! Kuck doooo...

Wann et schon emol gudd Wierder ass an d'Sonn schéngt, dann muss een dovun profitéieren.
Congé ungefroot, d'Famill an den Auto gepaackt an lass. Deen een Daag Directioun Amnéville Zoo an deen aaneren Daag an den Eifel Park.
Natierlech ass et an éischter Hinsicht drems gaangen fier mengen Meedecher d'Déierenwelt e bessen méi no ze brengen an awer sin e puer flott Biller dobai eraus komm.
Nierwt sellechen Famillenphoto'en, huet dann och daat eent oder aanert Déier e bessen "geposed" fierun menger Lens.

Hei eng kleng Sélectioun:












Location: Amnéville / Gondorf (16.08. - 17.08.12)

06.08.2012

Puits Simon

Eng Plaatz vun daer ech schon vill flott Biller um Internet gesin hun an wou schon laang op menger to-do Lescht stoung wuaren "Puits Simon".
No engem Trajet vun ronn 1 Stonn an e bessen Gesichs dohannen, haaten maer et dann och fonnt an konnten lass leen.
Ech muss soen, eng interessant an impressionant Plaatz, fierun allem wann een sech fierstellt dass an der Zeit hei all Daag Leit hiert Geld verdingt hun.

Hei dann d'Resultater vun deem Daag:





































An hei nach en kleng Gruppenphoto vun eis all...  *_*








Location: Forbach (28.07.12)

23.07.2012

Splash...

Inspiréiert vun engem Tutorial wou ech als Comment beim Jerry sengen Biller gesin hun, ass maer d'Idée komm fier e bessen Uebst an Geméis an d'Waasser ze geheien, mam Kolleeg Nikon drop ze zielen an ze kucken waat dobai eraus kennt.

Ideal dofier ass natierlech en Aquarium. Deen haat ech maer och organiséiert an wéi ech dun eisen Noperen hun missen erklären dass maer keng Fesch kréien mee dass ech deen fier Photozwecker géing benotzen, hun déi mech gekuckt wéi en Autobus...an wahrscheinlech och e bessen geduecht ech hätt se net méi all. :)

Nodeems ech dun alles bei eis an der Garage installéiert haat an maer fresch Uebst an Geméis kaaf haat, ass et dun mat Gespretz lass gaangen.
D'Resultat wuar dann nierwt enger besautener Garage folgend Biller:












 



 
  











Location: Dudelange (20.07.12)




05.06.2012

Spider-Man

Wann een Leit an der Famill huet déi e bessen exotesch Hausdéieren hun ass daat eng gudd Geleegenheet fier deenen Leit en Besuch mam Photoapparat ze maachen.
Main Schwoer huet an sengem Bureau e puer Terrarium'en stoen mat "Vogelspinnen" dran.
Ideal Plaatz fier e bessen knipsen ze goen. ;)

Hei dann d'Resultater:








10.05.2012

Gasturbine Differdange

No baal 2 Méint Abstinenz bedengt duerch Plennerstress wuar et dann leschten Denschten endlech nees esou wait.
Et stoung nees en Urbex um Ordre du Jour.
Des Kéier ass et op den Site vun der Arcelor op Déifferdéng gaangen wou eng aal Gasturbine steet déi am gaangen ass oofgebaut ze gin fier op enger aanerer Plaatz erem opgeriicht ze gin.
Hei sin dann d'Impressiounen vun deem Metten:




























 Location: Differdange (08.05.12)