10.05.2012

Gasturbine Differdange

No baal 2 Méint Abstinenz bedengt duerch Plennerstress wuar et dann leschten Denschten endlech nees esou wait.
Et stoung nees en Urbex um Ordre du Jour.
Des Kéier ass et op den Site vun der Arcelor op Déifferdéng gaangen wou eng aal Gasturbine steet déi am gaangen ass oofgebaut ze gin fier op enger aanerer Plaatz erem opgeriicht ze gin.
Hei sin dann d'Impressiounen vun deem Metten:




























 Location: Differdange (08.05.12)





07.05.2012

Good Bye Kitty

Zur Fiergeschicht:
Als Papp vun zwee Meedecher gett een forcément mat deem Hello Kitty-Wahnsinn konfrontéiert.
Et gett haut des Daags praktesch alles an enger Hello Kitty Variante...
Telleren, Kleeder, DVD'en, Kichelcher, Velo'en, Handy'en...esou guer Auto'en gin et am Kitty Look.
Als Papp bass de do einfach machtlos. Wann et Hello Kitty muss sin, dann muss et eben Hello Kitty sin.

Meng äntwert op desen Hello Kitty-Hype hun ech dann probéiert mat engem klengen Montage auszedrécken.
Ech hun dofier eng Technik aus der Photografie benotzt déi sech "Lightpainting" nennt.

Light Painting bzw. Light Writing (dt. Zeichnen/Malen/Schreiben mit Licht) ist eine fotografische Technik, in welcher Aufnahmen in der Regel nachts oder in abgedunkelten Räumen durch die Bewegung einer (oder mehrerer) in der Hand gehaltener Lichtquellen (oder durch Bewegung der Kamera) gemacht werden. 
(Quelle: Wikipedia)



Kombinéiert mat engem Montage à la "Streetfighter" ass dun folgendes dobai eraus komm:













02.05.2012

Caught in the act...

Et wuar eng Zaitchen roueg hei op mengem Blog.
Dest ass normal wann d'Haus faerdeg gebaut ass an et drems geet fier mat "Kind und Kegel" an daat neit Doheem ze plenneren. 
Ewei alles wuar dann och daat ganzt Photo's material fier eng Zait an Keschten gepaack gin fier den Transport op déi nei Address.

Nom plenneren steet dann villes um Programm...villes... ausser seng Hobbi'en! 
Nujee, elo wou daat Meescht gepackt ass, ass dann och nees Zait fier sech erem mam Photoapparat ze beschäftegen...
...an dann spillt d'Wierder net mat...pppfffff...egal...
An eisem neien Doheem huet sech och daat eent oder aaner fonnt fier ze knipsen.
Hei dann eis nei Locatairen déi sech op eisem Kichendech amüséiert hun...











Location: Dudelange (01.05.2012)