14.05.2014

Pimp my Pampel...Part 2

Éischten Post fier dest Joer...
Hmm...net graad eng Glanzleeschtung. Mee esou ass daat eben emol.
Um Aan operéiert, en nei Aarbechtsplaatz, etc... an séier ass d´Zait em.

2011 wuaren maer schon emol an den Païperleksgaart mat den Kanner, allerdings mat kengem groussen Erfolleg. ;) --> Post 2011
3 Joer méi spéit hun maer et dun nach emol probéiert. Angscht wuar schon nach e bessen do, mee
d´Faszinatioun huet een awer och an hieren Aan gesin.
An den Papp haat dann des Kéier e bessen Zait fier Foto´en ze maachen...nodeems den Apparat sech "anklimatiséiert" haat an d´Lens net méi duerch daat tropescht Klima permanent beschloen ass. ;)

Hei dann d´Resultater vun deem Metten:

















Location: Païperleksgaart Grevenmacher (01.05.2014)

30.12.2013

Advent, Advent, ...

... ein Räucherstäbchen brennt!
En Klassiker! Räucherstäbchen (oder soss irgend eppes waat Damp mecht) unfänken, dämpen loossen, Bletz opstellen, Fotoapparat an den Grapp an lass.
En Projet wou ech schon laang wollt maachen. Hun maer deen awer bewosst fier den Wanter gehaalen fier net missen an d'Keelt eraus ze goen fier e puer flott Biller ze kréien.
No e bessen gudd Leften huet een den Gestank dann och erem aus der Garage eraus. :)


An mat desem Post hun ech dann main Ziel fier dest Joer ereecht.
Ech wollt probéieren minimum 1 Post pro Mount hin ze kréien an daat ass maer dann dest Joer och endlech emol gelongen. ;)

Hei dann elo déi lescht Biller fier 2013:




















Location: Dudelange (24.12.13)



20.11.2013

Hutch (R.I.P.)

En spontanen Shooting mat Frenn an hieren Muppen haat sech fierun kuerzem ungekennegt.
Aus leider net esou erfreelechen Grenn, wollt d'Famill nach Foto'en hun wou sie nach alleguer drop sin.
Esou hun maer séier en Datum fonnt fier daat Ganzt nach ronn ze kréien.
Hei dann e puer Biller vun deem witzegen Nometten:











Hutch (14.12.2006 - 15.11.2013)



Hutch (14.12.2006 - 15.11.2013)



Location: Merzig (09.11.13)


23.10.2013

Timelapse Gartenhaus Mutlicube 4

Desen Summer ass et an punkto Foto'en maachen éischter moer ausgefall.
Grond dofier ass dass ech nach onmoosseg Aarbecht am Gaart haat an ech praktesch all frei Minute genotzt hun fier am Gaart ze schaffen.
No dem Kannerhaischen ass dann elo Gaardenhaus un d'Rei komm.
An och do hun ech erem en Timelapse gemaach.

Hei nach d'Info'en dozou:

Timelapse: 1 Foto / 30 S.
Total: 2095 Fotos
Camera: GoPro Hero 3 S.E.
Postprocessing: Final Cut Pro X











26.09.2013

Incognito 3

Déi nächst Party vun "Incognito" ass nees geplangt.
Och des Kéier sin ech gefroot gin fier den Flyer an d'Invitatiouns-Kaarten ze entwerfen.

Hei dann daat waat dobai eraus komm ass:



Flyer:






















Invitations:


20.08.2013

Chablis - The Wedding

Den Grond fierwaat maer dest Joer eng Vakanz zu Chablis gemaach hun wuar jo un sech well d'Jenny an den Clément do bestuet gin sin an maer invitéiert wuaren fier mat ze feieren.
Dun hun maer d'Geleegenheet genotzt fier aus engem Week-end direkt eng ganz Woch Vakanz draus ze maachen.
Flott wuar dass bei all deenen Leit wou invitéiert wuaren eng ganz Rei vun gudden Fotografen do wuaren an jiddereen sain eegenen Style an awer och seng eegen "Aufgab" dohannen haat.
Meng Aufgab huet dorannen bestaanen fier eng Gruppenfoto no enger bestemmter Fierlaag op enger bestemmter Plaatz ze maachen. Well des Foto fierun allem fier d'Famill en groussen perséinlechen Wert huet, well ech se op deser Plaatz net weisen.
Eng aaner, spontan Aufgab wuaren e puer Foto'en vun der Brautkoppel am Hochzeitsgezai ze maachen.
D'Alentour'en vun eisem Haus wou maer gewunnt hun esou wéi den Swimming Pool hun sech dofier ganz gudd ungebueden. ;)

Hei dann d'Resultater:

















Location: Chablis (19.07. - 27.07.13)


14.08.2013

Sunflowers

Fierun kuerzem wuaren maer hei fier an Frankreich zu "Chablis" op eng Hochzait invitéiert.
Um Wee fier dohin sin maer lanscht eppes gefuer waat ech hei am Land schon eng Zaitchen sichen fier ze knipsen...en Sonnenblummenfeld!
An dohannen sin et daer en masse gin. Een Feld nom aaneren an eent méi grouss wéi daat aanert.
Do sin ech natierlech net derlanscht komm stoen ze bleiwen fier endlech e puer Fotoen zu deem Thema kennen ze maachen. :)
Hei dann d'Resultater:















Location: Chablis (27.07.13)


16.07.2013

Incognito - Delight

Ech sin nees vun den Kolleegen vun Incognito gefroot gin fier hinnen en Flyer ze maachen fier hier nächst Soirée.
Des Kéier haat ech e bessen méi frai Hand wéi d'leschten Kéier an hei ass dann d'Resultat:





































08.07.2013

Timelapse Kinderspielhaus

En Grond fierwaat meng Spigelreflex am Moment net esou extrem vill benotzt gett, ass ganz secher wuel deen dass bei eis am Gaart relatif vill un Aarbechten unsteet an dann net méi vill Zait bleiwt fier knipsen ze goen.
Een Projet wuar enner aanerem den Bau vun engem Stelzenhaus fier meng 2 Meedecher.
Schon ier ech mat deem Projet ungefaangen haat, haat ech d'Idee fier daat Ganzt am Bild fest ze haalen an en Zaitraffer-Video ze maachen, en esou genannten Timelapse Video.
Daat huet sech dun och gudd ungebueden fier meng nei GoPro Hero 3 S.E. ze testen.

Hei nach e puer Info'en:

Timelapse: 1 Foto / 30 S.
Total: 1882 Fotos
Camera: GoPro Hero 3 S.E.
Postprocessing: Final Cut Pro X


Den Hiersteller vun desem Kannerhaischen (www.karibu.de) huet sech och schon ganz interesséiert un dem Video gewisen an sie setzen deen gaer op hier Homepage. ;)










10.06.2013

Freezejump Paris

No Hamburg stoung en mini Week-end zu Parais um Programm.
Des Kéier just mat menger Fra alleng...ouni Kanner. :)
Meng Fra haat maer schon fierun der Rees gesoot dass hatt gaer eng Foto hätt wou hatt fierun dem
Eifelturm an d'Luucht sprengt. En Freezejump also.
Gesagt...getan!
Well d'Wierder fier deen Week-end net imens super annoncéiert wuar, sin maer direkt Samstes Moies bei den Eifeltuerm gewandert an konnten esou nach vum bloen Himmel an der Sonn profitéieren.
Ideal Fieraussetzungen also.
Fier den Rescht loung ech den laangen Wee an der Wiss an meng Fra ass wéi verréckt duerch d'Géigend gesprongen. Huet sech fier déi Leit ronderem bestemmt witzeg ungesin. :)
No e puer wéinegen Versicht haaten maer d'Bild dann och hin kritt an hei ass dann d'Resultat:










Location: Paris (18.05-19.05.13)


17.05.2013

Hamburg (HH)

Hamburg
Die Freie und Hansestadt Hamburg (niederdeutsch Hamborg [ˈhambɔːχ], Abkürzung HH) ist als Stadtstaat ein Land der Bundesrepublik Deutschland. Hamburg ist mit über 1,8 Millionen Einwohnern die zweitgrößte Stadt Deutschlands, sechstgrößte der Europäischen Union sowie größte Stadt, die nicht Hauptstadt eines ihrer Mitgliedsstaaten ist.
Der Hamburger Hafen ist der größte Seehafen Deutschlands und unter den zwanzig größten Containerhäfen weltweit. (Quelle: Wikipedia)



Leschten Week-end wuar et dann endlech esou wait. Endlech nees en City-Trip.
No langer Paus...well meng Fra an ech emol kuerz 2 Kanner op d'Welt gesaat hun an do City Trip'en e bessen méi kuerz komm sin, haaten maer eis dun décidéiert fier mat der ganzer Famill inklusif Grousselteren op Hamburg ze fueren fier main Brudder ze besichen an anengems en klengen City-Trip ze maachen.
Hamburg ass eng flott an interessant Staat an während deem Week-end huet meng DSLR natierlech net gefehlt.
Hei en klengen Auszuch vun den Biller:






Speicherstadt


Jungfernstieg





 




Container Hafen






...look into my eyes... 

Tierpark Hagenbeck




Reeperbahn



Miniatur Wunderland





Location: Hamburg (09.05.-12.05.13)

16.04.2013

Incognito 2

Fierun kuerzem sin ech vun engem Kolleeg gefroot gin op ech net kéint fier hiert Party-Organisatioun's-Team "Incognito" en Logo, en Flyer, Invitatiounskaarten, en Banner, etc. ze entwerfen.
Why not? Emol eng Kéier eppes aneschtes.

Hei ass dann emol daat waat fier den Flyer an d'Invitatiounskaarten dobai eraus komm ass:



Flyer: 





Invitations: