28.01.2013

Wandpark Heiderscheid

Well et beim Hunnerbour net "kaal" genuch wuar, sin maer dono nach op Heiderscheid bei den Wandpark gefuer.
Ech wees net mat wéivill d'Loft do gebloosen huet, mee et wuar définitif ze vill.
Déi -3°C hun sech do uewen op manst wéi -50°C ungefillt.
Deem entsprechend schnell wuaren maer och faerdeg do uewen an hun décidéiert dass maer am Summer nach emol erem kommen...dann gesait den Himmel och bestemmt méi interessant aus.
Hei dann d'Biller vun der schneller Aktioun:













Location: Heiderscheid (19.01.13)


Hunnebour

Den obligatoreschen Wanter / Schnéi-Shooting ass schon eng Zaitchen fälleg.
Mee déi éiweg Fro vun der Zait huet maer bis elo emmer en Strech duerch d'Rechnung gemaach.
Fierleschten Samsten haat ech dun awer en Nometten Zait an sin bei den Jerry an d'Claudine an den Norden gepilgert.
Den "Hunnebour" bei Miersch wuar eng flott Plaatz fier d'Statif an den Schnéi ze stellen an e puer flott Biller ze maachen.
Hei dann d'Resultater vun deem kaalen Nometten:

















Location: Mersch (19.01.13)