15.11.2012

Sssccchhhaampppignon...

D'Zait verflitt einfach ze séier. Ech wollt un sech nach vun deenen flotten Hierschtfaarwen an den Bescher profitéieren, mee sin irgendwéi net mat Zaiten dozou komm.
Wéi ech dann endlech e bessen Sputt fonnt haat fier an den Besch ze goen, wuar schon net méi vill Interessantes ze gesin. D'Blieder leien all um Buedem an d'Beem sin schon praktesch all plakesch.
Dun hun ech den Besch dann eben emol an der Makro-perspektif gekuckt an och do wuar net méi vill ze gesin ausser des Champignon'en...déi dann och hun missen drun gleewen...

Dann heescht et elo wuel wuarden bis den éischten Schnéi kennt.












Location: Kockelscheuer (13.11.2012)