23.07.2012

Splash...

Inspiréiert vun engem Tutorial wou ech als Comment beim Jerry sengen Biller gesin hun, ass maer d'Idée komm fier e bessen Uebst an Geméis an d'Waasser ze geheien, mam Kolleeg Nikon drop ze zielen an ze kucken waat dobai eraus kennt.

Ideal dofier ass natierlech en Aquarium. Deen haat ech maer och organiséiert an wéi ech dun eisen Noperen hun missen erklären dass maer keng Fesch kréien mee dass ech deen fier Photozwecker géing benotzen, hun déi mech gekuckt wéi en Autobus...an wahrscheinlech och e bessen geduecht ech hätt se net méi all. :)

Nodeems ech dun alles bei eis an der Garage installéiert haat an maer fresch Uebst an Geméis kaaf haat, ass et dun mat Gespretz lass gaangen.
D'Resultat wuar dann nierwt enger besautener Garage folgend Biller:












 



 
  











Location: Dudelange (20.07.12)