23.07.2012

Splash...

Inspiréiert vun engem Tutorial wou ech als Comment beim Jerry sengen Biller gesin hun, ass maer d'Idée komm fier e bessen Uebst an Geméis an d'Waasser ze geheien, mam Kolleeg Nikon drop ze zielen an ze kucken waat dobai eraus kennt.

Ideal dofier ass natierlech en Aquarium. Deen haat ech maer och organiséiert an wéi ech dun eisen Noperen hun missen erklären dass maer keng Fesch kréien mee dass ech deen fier Photozwecker géing benotzen, hun déi mech gekuckt wéi en Autobus...an wahrscheinlech och e bessen geduecht ech hätt se net méi all. :)

Nodeems ech dun alles bei eis an der Garage installéiert haat an maer fresch Uebst an Geméis kaaf haat, ass et dun mat Gespretz lass gaangen.
D'Resultat wuar dann nierwt enger besautener Garage folgend Biller:












 



 
  











Location: Dudelange (20.07.12)




6 Kommentare:

  1. tiptop :-)
    kann et sinn datts de matt der Schärft (enner Waaser) e bessen laanscht dem Ball (Erdbier) waars..?

    AntwortenLöschen
  2. Tjeft, waat muss diir Zeit hunn, ech kommen einfach net mei derzou fotoën ze maan. Trotdem cool Fotoën, dei mam schwaarzen Hannergrond gefaalen mir nach am beschten. Reschpeckt.. :-)

    AntwortenLöschen
  3. @ Jerry: Am allgemengen oder just bei der éischter?

    @ Opa: Oh mei! Zeit ass bei maer och wierklech Mangelware. Mee des Kéier hun ech maer einfach Zeit geholl well ech schon laang Loscht haat fier nees Photo'en ze maachen. ;)

    AntwortenLöschen
    Antworten
    1. ne am allgemengen...hues de di schwarz e bessen opgehellt..?? ass esou een komeschen Schleier ronderem erdbieren esou brongelsech....

      Löschen
  4. Dei dooten Serie ass nawell ganz gut gerooden !
    Gefällt mer ganz gut!
    Ech kommen bei dech an Kuren :)

    S

    AntwortenLöschen
  5. Merci Serge! :)
    Ech mengen ech muss selwer nach an Cours'en goen.
    Se sin bei weitem net perfekt. :)

    AntwortenLöschen