25.10.2011

4 Seasons

Deen éischten "Laangzait-Projet"ass dann elo endlech faerdeg.
Ech haat desen Baam leschten Summer bei engem spontanen Shooting an der Mettesstonn op der Kockelscheier enddeckt.
Zu deem Zaitpunkt haat ech déi Idee nach net mam Laangzeit-Projet.
Et wuar eréicht wéi ech am Wanter mam Jay nach emol dohin wuar fier e puer Schnéi-Photoen ze maachen. Dun ass maer d'Idee komm fier den Baam an deenen 4 Joereszaiten ze knipsen.
An fier 4 Joereszaiten, brauch et nun emol Zait...
No der leschter Photo vum Hierscht ass dann hei d'Resultat:


Location: Kockelscheuer (August 2010 - Oktober 2011)



19.10.2011

Parc Hotel

Den Parc Hotel zu Berdorf stoung leschten Sonden um Programm.
Eng Location wou mech perséinlech schon eng Zaitchen interesséiert huet, fierun allem wéinst deem ronnen Kamein-Uewen um Rez-de-chaussée.
Eis kleng Grupp vun 4 Leit wuar schon relatif fréih um Dill fier desen Shooting.
Um 08.30 stoungen den Serge an ech am "Garde à vous" fierum Hotel, pret fier lass ze leen.
Den Jerry an den Opa sin e bessen méi spéit nokomm.
Den ganzen Moien konnten maer gemittlech eis Photo'en dobannen maachen bis eng Grupp vun Scouten aus Holland den Parc Hotel als Teschenstopp fier hieren Rallye geholl hun.
Sie hun dun ganz ongénéiert den Rescht am Hotel zerstéiert waat bis dohin nach net futti wuar.
An daat Ganzt ennert den Aan vun hieren Responsabelen.
An daat nennt sech "Scouten"?? Hooligans waer un sech en besseren Begreff!
Nujee...

Hei sin dann d'Resultater vun deem Moien.



Den Hotel vun baussen:





D'Iwerreschter vun der Kichen





Den Kamein-Uewen





Traapen...




An och hei am Hotel gin et Graffiti mat méi oder manner schlauen Sprech...





Dest wuar dann wuel fréier en Bureau...



An nach e puer interessant Reim...








Location: Berdorf (16.10.2011)



12.10.2011

Dudelange - Usines

Eng klengen Urbex zu Diddeléng stoung geschter um Programm.
Déi aal Arbed's Gebaier op der Schmelz wuaren déi ideal Plaatz fier 1-2 Stonnen knipsen ze goen.
Nodeems den Yves an ech d'lescht Woch schon do wuaren an ausser eidel Haalen net daat fonnt hun waat maer gesicht hun, sin maer dann des Woch nach emol zeréck gaangen nodeems maer en klengen Tip kritt haaten. Un deser Plaatz nach emol merci un d'Joelle. ;)
An all deenen Gebaier wuar just eng eenzeg kleng Traap wou maer d'lescht Woch net erop gaangen sin...aus wéi engem Grond wessen maer un sech net...
An genau do wuar et waat maer gesiicht haaten. En aalen Kontrollraum.
Daat ass daat eenzecht waat an all deenen Gebaier nach steet. Soss sin iwerall nemmen eidel Reim mat plakegen Maueren...an e puer futti's Still... ;-P
Zu daer Schaltzentral ass allerdings ze soen dass déi och schon ellen gelidden huet an net méi wierklech vill do ass fier photographéieren.

Hei dann e puer Biller vun geschter.


Location: Dudelange-Usines (11.10.2011)