24.12.2011

Esch/Gare - Tilt Shift

Op der Passerelle haat ech eng gudd Vue vun uewen erof op d'Escher Gare.
Daat wuar fier mech eng ideal Situation fier kennen Photo'en ze maachen fier se dono kennen mat engem
"Tilt Shift-Effekt" ze bearbechten.
Eng Bearbechtungstechnik wou ech schon eng Zaitchen op menger "to do - Lescht" hun.
Mat dem "Tilt Shift-Effekt" léist een eng Photo esou wierken wéi wann et sech em eng Miniaturwelt respektif eng Modellwellt géing handelen.
Desen Effekt kann een entweder mat engem speziellen Objektif oder mat postprocessing um Computer maachen.
An mengem Fall ass et postprocessing. ;)
Hei dann d'Resultat:

Location: Esch/Alzette (22.12.2011)










La Passerelle

En zweeten Stop op deem Daag hun ech zu Esch um Galgebierg bei der "Passerelle" gemaach.
Daat ass eng Bréck déi den 24.November 2009 fier den Public opgaangen ass an den Galgenbierg mat Esch/Gare verbennt.
Hei sin dann e puer Biller:

Location: Esch/Alzette (22.12.2011)







23.12.2011

Only a break ???

Enn vun Joer an endlech Congé...an awer net vill Zait fier aaner Photo'en ze maachen wéi déi vun engem neigebuerenen Bébé. ;)
Trotz allem haat ech maer geschter Metten awer e bessen Zait geholl, hun vum dreschenen Wierder profitéiert sin e bessen op den Tour gaang.
Main éischten Halt wuar zu Scheffleng beim Site vun der Arcelor.
Desen Site ass jo fierun kuerzem eréicht "temporär" zou gemaach gin.
Op daat och wierklech nemmen soll temporär sin, sierf emol dohin gestallt.
Et huet schon zimlech verloossen gewierkt...
Leider sin ech net op den Site komm an konnt nemmen vun baussen e puer Biller maachen.
Hei dann meng Impressiounen:


Location: Schifflange (22.12.2011)











28.11.2011

Gini

Elo ass den November schon baal eriwer an ech hun mat Entsetzen festgestallt dass ech nach keen 1 Post fier desen Mount gemaach hun.
Tjo, esou ass daat wahrscheinlech wann een am gaangen ass en Haus ze bauen an et glaichzeiteg drop an drun ass dass sain zweet Kannt gebuer gett...do bleiwt dann net wierklech vill Zait fier seng Hobbien.

Menger Mam hier nei Bébé-Kaatz vun 2 Méint ass dun genau richteg komm fier alt wéinstens e bessen nees mam Photoapparat ze spillen ouni groussen Zaitopwand.

Hei ass dann d'Gini

Location : Dudelange (26.11.2011)



25.10.2011

4 Seasons

Deen éischten "Laangzait-Projet"ass dann elo endlech faerdeg.
Ech haat desen Baam leschten Summer bei engem spontanen Shooting an der Mettesstonn op der Kockelscheier enddeckt.
Zu deem Zaitpunkt haat ech déi Idee nach net mam Laangzeit-Projet.
Et wuar eréicht wéi ech am Wanter mam Jay nach emol dohin wuar fier e puer Schnéi-Photoen ze maachen. Dun ass maer d'Idee komm fier den Baam an deenen 4 Joereszaiten ze knipsen.
An fier 4 Joereszaiten, brauch et nun emol Zait...
No der leschter Photo vum Hierscht ass dann hei d'Resultat:


Location: Kockelscheuer (August 2010 - Oktober 2011)



19.10.2011

Parc Hotel

Den Parc Hotel zu Berdorf stoung leschten Sonden um Programm.
Eng Location wou mech perséinlech schon eng Zaitchen interesséiert huet, fierun allem wéinst deem ronnen Kamein-Uewen um Rez-de-chaussée.
Eis kleng Grupp vun 4 Leit wuar schon relatif fréih um Dill fier desen Shooting.
Um 08.30 stoungen den Serge an ech am "Garde à vous" fierum Hotel, pret fier lass ze leen.
Den Jerry an den Opa sin e bessen méi spéit nokomm.
Den ganzen Moien konnten maer gemittlech eis Photo'en dobannen maachen bis eng Grupp vun Scouten aus Holland den Parc Hotel als Teschenstopp fier hieren Rallye geholl hun.
Sie hun dun ganz ongénéiert den Rescht am Hotel zerstéiert waat bis dohin nach net futti wuar.
An daat Ganzt ennert den Aan vun hieren Responsabelen.
An daat nennt sech "Scouten"?? Hooligans waer un sech en besseren Begreff!
Nujee...

Hei sin dann d'Resultater vun deem Moien.



Den Hotel vun baussen:





D'Iwerreschter vun der Kichen





Den Kamein-Uewen





Traapen...




An och hei am Hotel gin et Graffiti mat méi oder manner schlauen Sprech...





Dest wuar dann wuel fréier en Bureau...



An nach e puer interessant Reim...








Location: Berdorf (16.10.2011)



12.10.2011

Dudelange - Usines

Eng klengen Urbex zu Diddeléng stoung geschter um Programm.
Déi aal Arbed's Gebaier op der Schmelz wuaren déi ideal Plaatz fier 1-2 Stonnen knipsen ze goen.
Nodeems den Yves an ech d'lescht Woch schon do wuaren an ausser eidel Haalen net daat fonnt hun waat maer gesicht hun, sin maer dann des Woch nach emol zeréck gaangen nodeems maer en klengen Tip kritt haaten. Un deser Plaatz nach emol merci un d'Joelle. ;)
An all deenen Gebaier wuar just eng eenzeg kleng Traap wou maer d'lescht Woch net erop gaangen sin...aus wéi engem Grond wessen maer un sech net...
An genau do wuar et waat maer gesiicht haaten. En aalen Kontrollraum.
Daat ass daat eenzecht waat an all deenen Gebaier nach steet. Soss sin iwerall nemmen eidel Reim mat plakegen Maueren...an e puer futti's Still... ;-P
Zu daer Schaltzentral ass allerdings ze soen dass déi och schon ellen gelidden huet an net méi wierklech vill do ass fier photographéieren.

Hei dann e puer Biller vun geschter.


Location: Dudelange-Usines (11.10.2011)











28.09.2011

Mont St.Jean - Panorama

Geschter haat ech e bessen Zait fier vun deem gudden Wierder ze profitéieren an sin dun zu Diddeléng op eng Plaatz gaangen wou ech schon en Zaitchen am Kapp haat.
Den "Gehaans-bierg" oder och nach Mont St. Jean genannt.
Do stin nach all Ruinen vun enger Buerg aus dem 15ten Joerhonnert.
Fier déi Leit wou sech méi fier d'Geschicht interesséieren kennen daat Ganzt dann hei noliesen: 

Hei geet et awer net em Geschicht mee em Photo'en. Dofier ass zum deem Thema ze soen dass ech mech
des Kéier mam Thema Panorama beschäftegt hun. Ech haat mech am Fierfeld un sech net vill bis baal guer net domat auserneen gesaat. Et ass maer op der Plaatz selwer op eemol d'Idee komm fier en Pano ze maachen. Ech hun dun einfach emol esou gemaach wéi ech gemengt hun dass et richteg waer.
An daat hei ass dann no der Bearbechtung um Mac dobai eraus komm.



 (Drop klicken fier méi eng grous Vue)



An hei dann nach en aaneren Bléckwénkel an am HDR. ;)

 (Drop klicken fier méi eng grous Vue)




Location: Dudelange/Mont St. Jean (27.09.2011)


20.09.2011

Centrale Thermique

Leschten Sonden stoung en regelrechten Urbex-Klassiker um Programm.
"Centrale Thermique" zu Esch.
Zu 4 Leit hun maer eis op den Wee gemaach fier dest Gebai ze erforschen.
En Gebai waat mech schon laang gereitzt huet an wou ech mech laang drop gefreet hun fier dohin kennen
ze goen.

Impressionnant !
Fierun allem wann een bedenkt dass an der Zait all Daag Aarbechter hiert Geld do verdingt hun.
Do kann een schon frou sin wann een Moies op sain properen, waarmen Bureau daerf goen.


Hei dann emol d'Gebai vun baussen:






Am Gebai bannendran hun maer fierun allem Réier fonnt...vill Réier! 
Grousser, klenger an vun allen Faarwen.












An verschidden Kontroll-pulten an Raim wuaren och vun allen Varianten do.










Hei d'Maschinerie aus der mettelster Haal.











Fréier ass sech dann hei wuel geduscht gin...



Eng vun villen Plaatzen déi vun Vandalismus geprägt sin.



Deen heechsten Punkt aus der Central Thermique mat Vue iwer Esch.



Dem Jerry seng Photoen vun desem Shooting fannt daer op sengem Blog.
An hei sin dem Serge seng Biller.


Location: Esch/Alzette (18.09.2011)