28.09.2011

Mont St.Jean - Panorama

Geschter haat ech e bessen Zait fier vun deem gudden Wierder ze profitéieren an sin dun zu Diddeléng op eng Plaatz gaangen wou ech schon en Zaitchen am Kapp haat.
Den "Gehaans-bierg" oder och nach Mont St. Jean genannt.
Do stin nach all Ruinen vun enger Buerg aus dem 15ten Joerhonnert.
Fier déi Leit wou sech méi fier d'Geschicht interesséieren kennen daat Ganzt dann hei noliesen: 

Hei geet et awer net em Geschicht mee em Photo'en. Dofier ass zum deem Thema ze soen dass ech mech
des Kéier mam Thema Panorama beschäftegt hun. Ech haat mech am Fierfeld un sech net vill bis baal guer net domat auserneen gesaat. Et ass maer op der Plaatz selwer op eemol d'Idee komm fier en Pano ze maachen. Ech hun dun einfach emol esou gemaach wéi ech gemengt hun dass et richteg waer.
An daat hei ass dann no der Bearbechtung um Mac dobai eraus komm.



 (Drop klicken fier méi eng grous Vue)



An hei dann nach en aaneren Bléckwénkel an am HDR. ;)

 (Drop klicken fier méi eng grous Vue)




Location: Dudelange/Mont St. Jean (27.09.2011)


1 Kommentar: