20.09.2012

...en Français s.v.pl. ...

Eng klengen, schnellen  Shooting Owes mam Jay op enger Autobunn's Bréck.
Ech wollt nees en klengen Revival maachen zu mengem éischten Shooting an nees e bessen mat Langzeitbeliichtung op der Autobunn spillen.
Maer sin dun op eng Autobunn's Breck hei fier an Frankreich gefuer an hun do e bessen geknipst.

An deem Land sin se esou guer esou patriotesch dass wann een Owes bei sie Photo'en maachen geet, sech d'Faarwen vun hierem Fändel an den Biller erem spiggelen.
Hei den Beweis:




Location: Zoufftgen (10.09.12)

14.09.2012

Sunset @ Blankenberge

En klengen verlängerten Week-end mat der Famill an Frenn zu Blankenberge.
Maer haaten d'Chance an et wuar super Wierder den ganzen Week-end iwer.
An Owes esou guer ganz flott Sonnenennergäng.
Do hun ech maer et natierlech net huelen gelooss an sin mat mengem Statif an mengem Equipment an Richtung "bescht Plaatz" fierum Sonnenennergang gepilgert an hun do main Lager nierwt all deenen aaneren Hobby-Photografen opgeriicht.
No e bessen wuarden ass et dun och lass gaangen an ech hun e puer flott Faarwen um Himmel ze gesin kritt.
Allerdings wuaren deen Daag och e puer Wolleken do an den "eigentlechen" Sonnenennergang just iwert dem Horizont ass an den Wolleken ennergaang. ;(

Hei dann d'Biller déi deen Owend dobai eraus komm sin:













Location: Blankenberge (07.09. - 09.09.12)