20.08.2011

Urbex Terres Rouges - Part 2

Wéi maer déi éischten Kéier op dem Terres Rouges Site wuaren stoung un sech schon relatif séier fest
dass maer op jiddefall nach emol géingen dohin goen.
Schon alleng dowéinst well maer bei deem éischten Shooting net alles gesin haaten an ech nach onbedéngt
déi eng oder aaner Plaatz op deem Site wollt entdecken.
Des Kéier wuar nierft dem Jay och den Jerry dobai. 


Nodeems maer zu 3 e bessen iwert den Site gehirscht sin, hun maer dun schlussendlech déi Plaatz fond déi ech gesicht haat an déi ech schon vun aaneren Photoen hier kannt hun.
No gudd 3 Stonnen haaten maer dun alles geknipst waat eis interesséiert huet an ech muss soen deen Site do ass elo définitif ausgelutscht an ech maachen mech elo emol op d'Sich no enger neier Location. ;)


Daat Thema "Urbex" interesséiert mech nach emmer staark an ech sin secher dass demnächst nach weider Biller zu deem Thema hei waerten optauchen.
Hei dann elo d'Biller vun desem Shooting.


Location: Esch/Alzette / Site Industriel des Terres Rouges (15.08.2011)




















Dem Jerry seng Photoen vun desem Shooting fannt daer op sengem Blog.



19.08.2011

Montpellier - The Wedding

Den Grond fierwaat maer eis Vakanz dest Joer zu Montpellier gemaach hun wuar jo un sech deen dass maer op d'Hochzait vum Joyce an Sael invitéiert gin sin.
Et wuar alles aanescht wéi eng normal Hochzait wéi een se aus eisen Géigenden kennt...
...an d'Location...baal net ze iwertreffen. ;)
Ech haat deen Daag Gelegenheet der Haaptphotografin, dem Jenny, e bessen ze assistéieren an hun mat him zesummen d'Photoen vun deem Evenement gemaach.
Wéi een onschwéier an mengem Blog erkennen kann, ass Hochzeit's Photografie elo net graad main Haaptgebidd, fier net ze soen dass ech nach op baal kenger Hochzait geknipst hun.
Ech wuar deen Daag also Co-Photograf an sin frou dass d'Jenny maer deen een oder aaneren Tip gin huet.
Op deser Plaatz nach emol "Merci Jenny!" ;)
Am allgemengen sin d'Photoen net all ze schlecht gin.
Hei dann 3 Biller déi maer perséinlech am beschten gefall hun.


Location: Domaine des Moures - Villeneuve les Maguelone (France) (08.08.2011)


D'Widmung vun desen Biller geet ganz kloer un Brautkoppel. ;)








Montpellier - Holidays

Summerzait ass jo bekanntlech Vakanzenzait.
An och bei eis stung eng Vakanz an Sudfrankreich um Programm.
Vollbepaackt an mat der Skibox um Dach hun maer eis mam Auto an Richtung Montpellier gemaach.
Selbstverständlech wuar och daat ganzt Photomaterial un Bord an der Hoffnung e puer flott Biller vun neien Plaatzen kennen ze maachen.
Hei dann elo e puer Andréck aus dem Suden.




Palavas-les-Flots: 
Eng kleng Hafen-Staadt direkt beim Mier mat flotten Sand-stränn.
Do haaten maer eis éischt Deeg vun der Vakanz verbruecht.










Montpellier:
Menschen , Déieren & Emotiounen








Castries:
Den Rescht vun eisem Openthalt hun maer zu Castries verbruecht.
Hei ass dann d'Schlass vun Castries mat senger schéiner Gardenanlaag.






Location: Palavas-les-Flots, Montpellier, Castries (France) (04.08. - 13.08.2011)