19.08.2011

Montpellier - The Wedding

Den Grond fierwaat maer eis Vakanz dest Joer zu Montpellier gemaach hun wuar jo un sech deen dass maer op d'Hochzait vum Joyce an Sael invitéiert gin sin.
Et wuar alles aanescht wéi eng normal Hochzait wéi een se aus eisen Géigenden kennt...
...an d'Location...baal net ze iwertreffen. ;)
Ech haat deen Daag Gelegenheet der Haaptphotografin, dem Jenny, e bessen ze assistéieren an hun mat him zesummen d'Photoen vun deem Evenement gemaach.
Wéi een onschwéier an mengem Blog erkennen kann, ass Hochzeit's Photografie elo net graad main Haaptgebidd, fier net ze soen dass ech nach op baal kenger Hochzait geknipst hun.
Ech wuar deen Daag also Co-Photograf an sin frou dass d'Jenny maer deen een oder aaneren Tip gin huet.
Op deser Plaatz nach emol "Merci Jenny!" ;)
Am allgemengen sin d'Photoen net all ze schlecht gin.
Hei dann 3 Biller déi maer perséinlech am beschten gefall hun.


Location: Domaine des Moures - Villeneuve les Maguelone (France) (08.08.2011)


D'Widmung vun desen Biller geet ganz kloer un Brautkoppel. ;)








Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen