25.10.2011

4 Seasons

Deen éischten "Laangzait-Projet"ass dann elo endlech faerdeg.
Ech haat desen Baam leschten Summer bei engem spontanen Shooting an der Mettesstonn op der Kockelscheier enddeckt.
Zu deem Zaitpunkt haat ech déi Idee nach net mam Laangzeit-Projet.
Et wuar eréicht wéi ech am Wanter mam Jay nach emol dohin wuar fier e puer Schnéi-Photoen ze maachen. Dun ass maer d'Idee komm fier den Baam an deenen 4 Joereszaiten ze knipsen.
An fier 4 Joereszaiten, brauch et nun emol Zait...
No der leschter Photo vum Hierscht ass dann hei d'Resultat:


Location: Kockelscheuer (August 2010 - Oktober 2011)



19.10.2011

Parc Hotel

Den Parc Hotel zu Berdorf stoung leschten Sonden um Programm.
Eng Location wou mech perséinlech schon eng Zaitchen interesséiert huet, fierun allem wéinst deem ronnen Kamein-Uewen um Rez-de-chaussée.
Eis kleng Grupp vun 4 Leit wuar schon relatif fréih um Dill fier desen Shooting.
Um 08.30 stoungen den Serge an ech am "Garde à vous" fierum Hotel, pret fier lass ze leen.
Den Jerry an den Opa sin e bessen méi spéit nokomm.
Den ganzen Moien konnten maer gemittlech eis Photo'en dobannen maachen bis eng Grupp vun Scouten aus Holland den Parc Hotel als Teschenstopp fier hieren Rallye geholl hun.
Sie hun dun ganz ongénéiert den Rescht am Hotel zerstéiert waat bis dohin nach net futti wuar.
An daat Ganzt ennert den Aan vun hieren Responsabelen.
An daat nennt sech "Scouten"?? Hooligans waer un sech en besseren Begreff!
Nujee...

Hei sin dann d'Resultater vun deem Moien.



Den Hotel vun baussen:





D'Iwerreschter vun der Kichen





Den Kamein-Uewen





Traapen...




An och hei am Hotel gin et Graffiti mat méi oder manner schlauen Sprech...





Dest wuar dann wuel fréier en Bureau...



An nach e puer interessant Reim...








Location: Berdorf (16.10.2011)



12.10.2011

Dudelange - Usines

Eng klengen Urbex zu Diddeléng stoung geschter um Programm.
Déi aal Arbed's Gebaier op der Schmelz wuaren déi ideal Plaatz fier 1-2 Stonnen knipsen ze goen.
Nodeems den Yves an ech d'lescht Woch schon do wuaren an ausser eidel Haalen net daat fonnt hun waat maer gesicht hun, sin maer dann des Woch nach emol zeréck gaangen nodeems maer en klengen Tip kritt haaten. Un deser Plaatz nach emol merci un d'Joelle. ;)
An all deenen Gebaier wuar just eng eenzeg kleng Traap wou maer d'lescht Woch net erop gaangen sin...aus wéi engem Grond wessen maer un sech net...
An genau do wuar et waat maer gesiicht haaten. En aalen Kontrollraum.
Daat ass daat eenzecht waat an all deenen Gebaier nach steet. Soss sin iwerall nemmen eidel Reim mat plakegen Maueren...an e puer futti's Still... ;-P
Zu daer Schaltzentral ass allerdings ze soen dass déi och schon ellen gelidden huet an net méi wierklech vill do ass fier photographéieren.

Hei dann e puer Biller vun geschter.


Location: Dudelange-Usines (11.10.2011)











28.09.2011

Mont St.Jean - Panorama

Geschter haat ech e bessen Zait fier vun deem gudden Wierder ze profitéieren an sin dun zu Diddeléng op eng Plaatz gaangen wou ech schon en Zaitchen am Kapp haat.
Den "Gehaans-bierg" oder och nach Mont St. Jean genannt.
Do stin nach all Ruinen vun enger Buerg aus dem 15ten Joerhonnert.
Fier déi Leit wou sech méi fier d'Geschicht interesséieren kennen daat Ganzt dann hei noliesen: 

Hei geet et awer net em Geschicht mee em Photo'en. Dofier ass zum deem Thema ze soen dass ech mech
des Kéier mam Thema Panorama beschäftegt hun. Ech haat mech am Fierfeld un sech net vill bis baal guer net domat auserneen gesaat. Et ass maer op der Plaatz selwer op eemol d'Idee komm fier en Pano ze maachen. Ech hun dun einfach emol esou gemaach wéi ech gemengt hun dass et richteg waer.
An daat hei ass dann no der Bearbechtung um Mac dobai eraus komm.



 (Drop klicken fier méi eng grous Vue)



An hei dann nach en aaneren Bléckwénkel an am HDR. ;)

 (Drop klicken fier méi eng grous Vue)




Location: Dudelange/Mont St. Jean (27.09.2011)


20.09.2011

Centrale Thermique

Leschten Sonden stoung en regelrechten Urbex-Klassiker um Programm.
"Centrale Thermique" zu Esch.
Zu 4 Leit hun maer eis op den Wee gemaach fier dest Gebai ze erforschen.
En Gebai waat mech schon laang gereitzt huet an wou ech mech laang drop gefreet hun fier dohin kennen
ze goen.

Impressionnant !
Fierun allem wann een bedenkt dass an der Zait all Daag Aarbechter hiert Geld do verdingt hun.
Do kann een schon frou sin wann een Moies op sain properen, waarmen Bureau daerf goen.


Hei dann emol d'Gebai vun baussen:






Am Gebai bannendran hun maer fierun allem Réier fonnt...vill Réier! 
Grousser, klenger an vun allen Faarwen.












An verschidden Kontroll-pulten an Raim wuaren och vun allen Varianten do.










Hei d'Maschinerie aus der mettelster Haal.











Fréier ass sech dann hei wuel geduscht gin...



Eng vun villen Plaatzen déi vun Vandalismus geprägt sin.



Deen heechsten Punkt aus der Central Thermique mat Vue iwer Esch.



Dem Jerry seng Photoen vun desem Shooting fannt daer op sengem Blog.
An hei sin dem Serge seng Biller.


Location: Esch/Alzette (18.09.2011)



08.09.2011

Schueberfouer - The Closing

Deen leschten Daag vun der Fouer hun ech dann gemengt ech misst nach schnell dohin fueren fier e puer Photoen ze maachen.
Ech wollt e puer Tester maachen mat Langzeitbeliichtung an der Bewegung vun den Spiller.
Bon, et waer vlaicht besser gewiercht net graad deen leschten Daag vun der Fouer ze goen...
Eng Onmass vun Leit an all zweeten Nikki deen mech gefroot huet op ech géing Photoen fier irgend en Internet Site maachen. Wéi soll een dann do an Rou kennen Photoen maachen??
Mee nujee, emmerhin wuar dono nach d'Freedefeier an do haat ech eng gemittlech Plaatz fonnt wou wesentlech manner Leit wuaren. ;)

Ech hun deen Owend anengems dovun profitéiert fier en Statif ze testen.
"Vanguard Alta Pro 263AT" mat engem "SBH 30" Kapp och vun Vanguard.
Fazit: Exzellent!!! --> in den Warenkorb --> zur Kasse gehen --> Vielen Dank für ihre Bestellung!  ;)
Op deser Plaatz nach emol Merci un den Jerry, deen maer sain Statif ausgeléint huet.

Hei dann elo d'Biller vun deem Owend.


Location: Luxembourg/Glacis (07.09.2011)

















05.09.2011

Ruinen zu Colmar-Berg

Bei deem nächsten Shooting huet ech mech nees an den "Norden" gezunn.
Als iwerzeechten Minetter gehéiert jo alles hannert der Eecher Plaatz zum Norden! ;)
Demno ass desen aalen verfaalenen Bauerenhaff, deen sech teschent Colmar-Bierg an Ettelbréck befennt, fier mech schon am déiwen Norden.
Den Jerry haat des Plaatz entdeckt, an huet mech an den Claude mat dohin geholl.
En wierklech interessanten Eck an hei ass dann d'Resultat vun deem Samsten Moien.


Location: Colmar-Berg / Ettelbruck (03.09.2011)


















Dem Jerry seng Photoen vun desem Shooting fannt daer op sengem Blog.