07.07.2011

Urbex Terres Rouges

Leschten Sonden Moien wuar et dann endlech esou wait.
Deen éischten richtegen Urban Shooting.
Mam Jay hun ech mech op den Wee Richtung Terres Rouges zu Esch gemaach.
Ech selwer hun deen Site bis elo nach net kannt an et wuar demno dem Jay seng Idee fier dohin ze goen.
Am Nachhinein muss ech soen, exzellent Idee! ;)

Am Gepäck haaten maer natierlech eis ganz Kameraausrüstung, en Leatherman an eng
Täschenluucht (!)
Bei deem Shooting konnt ech dovun profitéieren fier meng nei "Kamera-Gürtelhalterung" vun B-Grip am Outdoor Beraich ze testen. Top Geschier!

Maer sin dun während + ou - 1 Stonn iwert deen Site gewandert an hun eis daat Ganzt emol am Detail ungekuckt an selbstverständlech och Photoen dovun gemaach.
Ech muss awer och soen dass et deelweis schon e bessen onheemlech wuar fier duerch déi aal, verloosen an erofkommen Haalen ze spazéieren...zumols wann engem op eemol irgendwelch Clochard'en begéinen déi do hiert Domizil opgeschloen hun an een kucken wéi wann een vun Mound kéim. ;)
Mee bon, e bessen Spannung gehéiert natierlech dobai.

Hei sin dann d'Resultater vun deem flotten an spannenden Moien, deen doudsecher demnächst widerholl gett.

Location: Esch/Alzette / Site Industriel des Terres Rouges (03.07.2011)















Déi lescht Photo ass net um Site vun den Terres Rouges gemaach gin. Maer hun deen selwechten Moien och nach e bessen op der Bréck am Neiduerf zu Esch geturnt. Hei ass dann nach 1 Bild dovun.


2 Kommentare: