23.07.2011

Maison Neu

Meng nei D7000 ass unkomm. ;)))
Selbstverständlech muss dann direkt e bessen domat gespillt gin.
Vue dass Urbex en Thema ass waat mech an der Lescht zimlech interesséiert, hun ech maer dann och en Sujet an daer Kategorie gesicht.
Well ech awer net allzevill Zait haat, sin ech an mengen Grousselteren hiert Haus gaangen waat schon zanter enger Zait eidel steet an hun mech do e bessen um Spaicher ausgetobt.
Et ass maer haaptsächlech drems gaangen fier main neien Boîtier auszeprobéieren an emol nees mam 50mm ze knipsen...an natierlech HDR'en ze maan. ;)

Location: Dudelange (23.07.2011)

Ech widmen des Serie vun Biller mengen Grousselteren (R.I.P.)

















4 Kommentare:

  1. Daat sin nawel gelongen fotoen .
    HS.

    AntwortenLöschen
  2. Dei Fotoen do fannen ech net nemmen ganz schein an interressant. Si bereieren mech och natirlech eppes mei. D'Kummer wuar viru laange Joeren, dei Kummer an der ech mat denger Bom geschloof hun, an duerno lang Joeren eleng bis ech meng eegen Kummer haat a mengem Heemechshaus.
    Dei aner Fotoen,de Speicher, sin flott Symboler vun denge Grousselteren, (menger Schwester,a Schwoer)

    AntwortenLöschen
  3. Dann hun se hieren Zweck jo erfellt. ;)
    Se sollen net nemmen interessant sin, mee och perséinlech beréieren.
    Allerdings nemmen déi Leit déi verstin waat domat geméngt ass.

    AntwortenLöschen