09.06.2011

Black Belt

Et huet dann och net laang gedauert bis ech mat mengem éischten Objektif un seng Grenzen komm sin.
Fierun allem wann een well mat Déiften(on-)schärft spillen ass een mat der gréisster Blend vun 3,5 vum Nikkor 18-200 séier un den Limiten. Och ass een mam photograféieren an schlecht beliichten Réimlechkeeten zimlech begrenzt mat desem Objektif wann een net well un den ISO piddelen goen oder mat Bletz schaffen.

Dofier huet dann missen en neit Objektif hier. 
AF-S Nikkor 50mm 1:1,4G

Eng 50 Festbrennwait mat enger gréisster Blend vun 1,4
Wéi ech meng nei Spillsaach dun geliwert kruut, hun ech schnell réaliséiert dass do jo keen Zoom drun ass (logesch bei enger Festbrennwait !)
Also muss de dech fier alles selwer bewegen do wou's de fierdrun konns beim 18-200 gemittlech setzen bleiwen an um Brennwaiten-rank dréinen.
"Du bass dain eegenen Zoom"

Hei dann elo een vun mengen éischten Biller mat der 50er Festbrennwait.
Eng Idee wou ech schon laang haat. Eng Photo vun mengem Kimono mat menger Ceinture.

Location: Dojo Judo et Ju-Jitsu Dudelange (11.10.2010)



1 Kommentar: