Den Grond fierwaat maer dest Joer eng Vakanz zu Chablis gemaach hun wuar jo un sech well d'Jenny an den Clément do bestuet gin sin an maer invitéiert wuaren fier mat ze feieren.
Dun hun maer d'Geleegenheet genotzt fier aus engem Week-end direkt eng ganz Woch Vakanz draus ze maachen.
Flott wuar dass bei all deenen Leit wou invitéiert wuaren eng ganz Rei vun gudden Fotografen do wuaren an jiddereen sain eegenen Style an awer och seng eegen "Aufgab" dohannen haat.
Meng Aufgab huet dorannen bestaanen fier eng Gruppenfoto no enger bestemmter Fierlaag op enger bestemmter Plaatz ze maachen. Well des Foto fierun allem fier d'Famill en groussen perséinlechen Wert huet, well ech se op deser Plaatz net weisen.
Eng aaner, spontan Aufgab wuaren e puer Foto'en vun der Brautkoppel am Hochzeitsgezai ze maachen.
D'Alentour'en vun eisem Haus wou maer gewunnt hun esou wéi den Swimming Pool hun sech dofier ganz gudd ungebueden. ;)
Fierun kuerzem wuaren maer hei fier an Frankreich zu "Chablis" op eng Hochzait invitéiert.
Um Wee fier dohin sin maer lanscht eppes gefuer waat ech hei am Land schon eng Zaitchen sichen fier ze knipsen...en Sonnenblummenfeld!
An dohannen sin et daer en masse gin. Een Feld nom aaneren an eent méi grouss wéi daat aanert.
Do sin ech natierlech net derlanscht komm stoen ze bleiwen fier endlech e puer Fotoen zu deem Thema kennen ze maachen. :)
Hei dann d'Resultater:
Ech sin nees vun den Kolleegen vun Incognito gefroot gin fier hinnen en Flyer ze maachen fier hier nächst Soirée.
Des Kéier haat ech e bessen méi frai Hand wéi d'leschten Kéier an hei ass dann d'Resultat:
En Grond fierwaat meng Spigelreflex am Moment net esou extrem vill benotzt gett, ass ganz secher wuel deen dass bei eis am Gaart relatif vill un Aarbechten unsteet an dann net méi vill Zait bleiwt fier knipsen ze goen.
Een Projet wuar enner aanerem den Bau vun engem Stelzenhaus fier meng 2 Meedecher.
Schon ier ech mat deem Projet ungefaangen haat, haat ech d'Idee fier daat Ganzt am Bild fest ze haalen an en Zaitraffer-Video ze maachen, en esou genannten Timelapse Video.
Daat huet sech dun och gudd ungebueden fier meng nei GoPro Hero 3 S.E. ze testen.
Hei nach e puer Info'en:
Timelapse: 1 Foto / 30 S.
Total: 1882 Fotos
Camera: GoPro Hero 3 S.E.
Postprocessing: Final Cut Pro X
Den Hiersteller vun desem Kannerhaischen (www.karibu.de) huet sech och schon ganz interesséiert un dem Video gewisen an sie setzen deen gaer op hier Homepage. ;)
No Hamburg stoung en mini Week-end zu Parais um Programm.
Des Kéier just mat menger Fra alleng...ouni Kanner. :)
Meng Fra haat maer schon fierun der Rees gesoot dass hatt gaer eng Foto hätt wou hatt fierun dem
Eifelturm an d'Luucht sprengt. En Freezejump also.
Gesagt...getan!
Well d'Wierder fier deen Week-end net imens super annoncéiert wuar, sin maer direkt Samstes Moies bei den Eifeltuerm gewandert an konnten esou nach vum bloen Himmel an der Sonn profitéieren.
Ideal Fieraussetzungen also.
Fier den Rescht loung ech den laangen Wee an der Wiss an meng Fra ass wéi verréckt duerch d'Géigend gesprongen. Huet sech fier déi Leit ronderem bestemmt witzeg ungesin. :)
No e puer wéinegen Versicht haaten maer d'Bild dann och hin kritt an hei ass dann d'Resultat:
Die Freie und Hansestadt Hamburg (niederdeutsch Hamborg [ˈhambɔːχ], Abkürzung HH) ist als Stadtstaat ein Land der Bundesrepublik Deutschland. Hamburg ist mit über 1,8 Millionen Einwohnern die zweitgrößte Stadt Deutschlands, sechstgrößte der Europäischen Union sowie größte Stadt, die nicht Hauptstadt eines ihrer Mitgliedsstaaten ist.
Der Hamburger Hafen ist der größte Seehafen Deutschlands und unter den zwanzig größten Containerhäfen weltweit. (Quelle: Wikipedia)
Leschten Week-end wuar et dann endlech esou wait. Endlech nees en City-Trip.
No langer Paus...well meng Fra an ech emol kuerz 2 Kanner op d'Welt gesaat hun an do City Trip'en e bessen méi kuerz komm sin, haaten maer eis dun décidéiert fier mat der ganzer Famill inklusif Grousselteren op Hamburg ze fueren fier main Brudder ze besichen an anengems en klengen City-Trip ze maachen.
Hamburg ass eng flott an interessant Staat an während deem Week-end huet meng DSLR natierlech net gefehlt.
Hei en klengen Auszuch vun den Biller:
Fierun kuerzem sin ech vun engem Kolleeg gefroot gin op ech net kéint fier hiert Party-Organisatioun's-Team "Incognito" en Logo, en Flyer, Invitatiounskaarten, en Banner, etc. ze entwerfen.
Why not? Emol eng Kéier eppes aneschtes.
Hei ass dann emol daat waat fier den Flyer an d'Invitatiounskaarten dobai eraus komm ass:
Fierun kuerzer Zait kruut ech main éischten "Optrag". Ech sin vun Frenn gefroot gin op ech net kéint Kommiouns Fotoen vun hierem Meedchen maachen.
Ma secher daat! Et wuar en klengen Challenge fier mech well ech nach net esou vill Erfahrung an punkto Portrait- an Persounenfotographie hun.
Mat e bessen gudder Fierbereedung wéi Informatiounen sammelen, Material ausléinen an Test-Biller maachen sin ech dun gudd fierbereed op den Shooting gaangen.
Et wuar en flotten Nometten, maer hun gudd gelaacht an awer och ganz produktif geschafft.
Op Wonsch vun der Famill sollten engersaits klassesch Fotoen fier d'Bomi an den Bopi dobai eraus kommen an op der aanerer Sait awer och e bessen méi eppes verrécktes an ausgefaalenes...waat och éischter bei déi ganz Famill passt. ;)
Bei deem Wieder ass dobaussen an der Flora net vill Extra'es ze fannen fier e bessen mam Makro ze spillen. Do bleiwt engem demno naischt aneschtes iwreg wéi dobannen mat den Orchidee'en-Stäck ze expérimentéieren.
Fierdeel bei der ganzer Saache wuar, et huet een sech net missen wait déplacéiren, et wuar gudd wuarm, et wuar alles séier op an oofgeriicht, eppes ze drenken bei Hand, Musék,... etc..
Hei dann d'Resultater:
Well et beim Hunnerbour net "kaal" genuch wuar, sin maer dono nach op Heiderscheid bei den Wandpark gefuer.
Ech wees net mat wéivill d'Loft do gebloosen huet, mee et wuar définitif ze vill.
Déi -3°C hun sech do uewen op manst wéi -50°C ungefillt.
Deem entsprechend schnell wuaren maer och faerdeg do uewen an hun décidéiert dass maer am Summer nach emol erem kommen...dann gesait den Himmel och bestemmt méi interessant aus.
Den obligatoreschen Wanter / Schnéi-Shooting ass schon eng Zaitchen fälleg.
Mee déi éiweg Fro vun der Zait huet maer bis elo emmer en Strech duerch d'Rechnung gemaach.
Fierleschten Samsten haat ech dun awer en Nometten Zait an sin bei den Jerry an d'Claudine an den Norden gepilgert.
Den "Hunnebour" bei Miersch wuar eng flott Plaatz fier d'Statif an den Schnéi ze stellen an e puer flott Biller ze maachen.
Hei dann d'Resultater vun deem kaalen Nometten: